Dateschutzveruerdnung
Humanis engagéiert sech fir Är Privatsphär ze schützen an ze respektéieren.
Dës virléiend Dateschutzveruerdnung beschreift eis Praktiken am Beräich vum Dateschutz an Är Rechter am Kader vum Schutz vun Äre perséinlechen Donnéeën.
- Erfaassung vu perséinlechen Daten
Mir erfaassen a verschaffen Är perséinlech Daten, fir Äre Prozess vum Recrutement ze vereinfachen.
Ënner perséinlechen Datë versti mir all Informatioun, onofhängeg vun der Form oder dem Support – dorënner Toun- a Bildopzeechnungen –, déi et erméiglecht, eng natierlech Persoun z’identifizéieren oder ze bestëmmen.
Déi perséinlech Daten, déi mir sammelen, ëmfaassen, ouni datt dës Lëscht komplett ass, Ären Numm, Är Adress, Äre Gebuertsdatum an Är Qualifikatiounen, souwéi all aner Informatioun, déi op Ärem CV steet.
Mir kréien d’Informatiounen, déi Dir fräiwëlleg zur Verfügung gestallt hutt, andeems Dir Ären CV era schéckt, Iech op eiser Websäit registréiert, Iech fir eisen Newsletter umellt, eis E-Maile schéckt oder en Aschreiwungsdossier bei eise Büroen zu Lëtzebuerg areecht.
Mir kënnen Informatiounen duerch d’Benotzung vu “Cookië” kréien, dat heescht Textdateien, déi op der Festplack vun Ärem Computer leien. Mir benotzen dës Cookië fir (i) Iech z’identifizéieren, soubal Dir Iech ageloggt hutt, an (ii) fir ze verstoen, wéi Dir eis Websäit benotzt, fir Iech sou e personaliséierten Inhalt ze liwweren, deen op Ärem Gebrauch vun eiser Internetsäit baséiert. Dir kënnt dës Cookien ofleenen, andeems Dir déi entspriechend Optiounen an Ärem Browser aktivéiert.
- Kontroll vun Äre perséinlechen Daten
All perséinlech Informatioun, déi vun Iech iwwermëttelt gëtt, gëtt vun Humanis kontrolléiert, mat Sëtz zu 250, Rue Waassertrap L-4408 Belvaux, ageschriwwen am Handels- a Firmeregëster zu Lëtzebuerg ënner der Nummer B279948.
- D’Verwendung vun Äre perséinlechen Daten
Är perséinlech Datë gi gespäichert an si zougänglech fir eis Beroder, d’Betriber, déi eis Servicer notzen, d’Liwweranten an all Partei, déi kommerziell mat Humanis verbonnen ass, an dëst an engem Kader vun enger reng berufflecher Notzung.
Är perséinlech Datë ginn an eiser eegener zentraler Datebank opgeholl. Dës Datebank ass permanent zougänglech.
Nodeems mir Ären ausdréckleche mëndlechen oder schrëftlechen Accord kritt hunn, gëtt Ären CV u potenziell Employeure geschéckt, fir eng eventuell Selektioun.
- Deele vun Äre perséinlechen Daten
Am Aklang mat dëser Dateschutzveruerdnung deele mir Är perséinlech Daten net ouni Äre perséinlechen Accord.
- Vos droits d’accès, de rectification et d’opposition
- Zougrëffsrechts
Dir hutt zu all Moment d’Recht Zougrëff zu Äre perséinlechen Daten ze kréie wéi och eng Bestätegung, ob Är Datë verschafft ginn oder net.
- Recht op Korrektur
Dir hutt zu all Moment d’Recht Är Daten aus eisen Datebanken zréckzezéien.
- Recht op Widdersproch
Dir hutt zu all Moment d’Recht, aus predominanten a legitimme Grënn, déi mat Ärer perséinlecher Situatioun ze dinn hunn, dergéint ze sinn, datt d’Daten, déi Iech betreffen, verschafft ginn.
- Datesécherheet
Mir treffen all déi néideg technesch an organisatoresch Moossnamen, fir de Schutz vun den Daten, déi mir verschaffen, géint zoufälleg Verloschter, Verfälschungen, Verbreedungen oder net autoriséierten Zougang ze garantéieren.
- Datentransfert an Drëttlänner
Mir treffen all déi néideg technesch an organisatoresch Moossnamen, fir ze garantéieren, datt Är Donnéeën och dann adequat geschützt sinn, wann se an e Land ausserhalb vun der Europäescher Unioun iwwerdroe ginn.
- Datentransfert un Drëttubidder
Mir kommunizéieren Är perséinlech Daten nëmme mat Ärem Accord, deen Dir eis an den Allgemenge Benotzungsbedéngunge vun eiser Internetsäit gitt, un Drëttubidder weider.
Mir treffen all déi néideg technesch an organisatoresch Moossnamen, datt Är Donnéeën och dann adequat geschützt sinn, wann Är perséinlech Daten un Drëttubidder wéi Filialen, Agenten oder Partner iwwerdroe ginn, déi Är perséinlech Datë fir de Konto an ënner eiser Kontroll verschaffe mussen.
- Kontakt
Fir all Fro oder Schwieregkeet am Zesummenhang mat eiser Dateschutzveruerdnung, oder wann Dir Är perséinlech Informatioune wëllt agesinn oder änneren, kontaktéiert eis w.e.g. per E-Mail op: contact@humanis.lu
- Ännerunge vun der Dateschutzveruerdnung
D’Konditioune vun dëser Dateschutzveruerdnung kënnen am Laf vun der Zäit geännert ginn. All Ännerung vun dëser Dateschutzveruerdnung gëtt iwwer eng Notifikatioun op eiser Websäit bekannt ginn.