Skip to content

Eis Servicer

Fleeg doheem

Fleeg doheem

Eis Fleeg gëtt bei Iech doheem op Basis vun enger medezinescher Ordonnance gemaach an un de Gesondheetszoustand vun all Patient ugepasst. Mir garantéieren e gewëssenhafte Suivi, am Respekt vun de Protokoller an a Koordinatioun mat de behandelnden Dokteren an de Gesondheetsstrukturen.

Eist Zil ass et, d’Kontinuitéit vun der Fleeg ze garantéieren an dobäi de Confort, d’Autonomie an d’Liewen doheem an de beschte Konditiounen ze fërderen.

All Interventioun gëtt vu qualifizéierte Fachleit gemaach, déi op déi medezinesch a mënschlech Bedierfnesser vum Patient oppassen.

Mir begleeden och d’Patienten an hir Famill beim Verstoe vun de Behandlungen, der Organisatioun vun der Fleeg an de Schrëtt, déi fir d’Betreiung néideg sinn.

Hëllef doheem

Hëllef doheem

Déi multidisziplinär Ekipp vun Humanis steet Iech zur Säit fir d’Ënnerstëtzung am Alldag a fir datt Dir weiderhi sécher doheem kënnt bleiwen, wéi zum Beispill mat:

  • Allgemeng Kierperfleeg
  • Palliativ Fleeg
  • Hëllef beim Opstoen an an d’Bett goen, Transferten asw.
  • Stot maachen
  • Hëllef beim Akafe
  • Begleedung fir bei d’Rendez-vous’e beim behandelnden Dokter
Kinesitherapie doheem

Kinesitherapie doheem

Eis Kinesitherapeuten, déi Member vun eiser Equipe sinn, iwwerhuelen Är Reeducatioun bei Iech doheem mat Professionalitéit a perséinlechem Kontakt, fir datt Dir Är Autonomie nees erëmfannt oder behale kënnt.

Dir sidd un engem vun eise Servicer interesséiert?

Eis Ekippe lauschteren Iech no, fir d‘Situatioun anzeschätzen an Iech eng Begleedung unzebidden, déi un Är Bedierfnesser ugepasst ass. Sief et Krankefleeg, Hëllef doheem oder eng spezifesch Betreiung, mir fannen déi passend Léisunge fir Iech.

Kontaktéiert eis fir Informatiounen ze kréien, eng éischt Evaluatioun ze plangen oder fir séier eng Interventioun bei Iech doheem ze organiséieren.